
Kontext: https://100komma7.lu/program/episode/413882/202209270832-202209270835
Ech si Lëtzebuergesch um léieren, awa dat Wuert elo fannen ech net am lod.lu .
Unn d’Äntwert “d’Meloni” gëllt net.
Edit: Merci alleguerten!

Kontext: https://100komma7.lu/program/episode/413882/202209270832-202209270835
Ech si Lëtzebuergesch um léieren, awa dat Wuert elo fannen ech net am lod.lu .
Unn d’Äntwert “d’Meloni” gëllt net.
Edit: Merci alleguerten!
7 comments
Als Letzeboier : keng ahnung ech hun dat wuerd nach nie heieren.
Schengt awer negativ gemengt ze sin.
DE: “Neugierig”
FR: “Curieux”
GB: “Curious”
…but in a rude way, like always wanting to know what’s on…even if it’s none of their business.
Eng Metapher fir: “Ech wees net war ech kréien”
Vierwelts (curiosity)
Tuut (Bag)
In the context of the article it means no one knows wat to expect of this new government.
Ech kann och eng vierweltstuut verschenken. Da wees deejéinegen net wat e kritt.
Edit: yeah Marc is also right, you can call someone that name and it means that he is too curious.
Eng viirwelts-tuut ass eng Persoun déi ganz viirweltzeg ass.
Dat ass nët just negatif. Ob negativ oder nët hänkt vum Kontext a vum Toun oof.
Allerdings kennen ech dat nët mat “l” mee mat “a”: Viirwatztuut / viirwatzeg. Dat kann awer och sinn datt ech et do just schreiwen wéi et an méngem dialekt ausgeschwaat gët.
Als Kand ginn ech och “Viirwatztuuten” als Geschenk. Dat ass eng Tuut mat allerlee Saachen dran. Kamellen, Kichelcher, kleng Spillsaachen, a.s.w.
Eng virweltz Tut as entweder eng “Überraschungstüte” wéi et se am Buttek fir Kanner ze kaafe gëtt, oder eng Persoun déi immens virwëtzeg ass. An den 70er Joere hunn ech dat ewell nach dacks héieren (vun eelere Leit). Haut héiert een et effektiv net méi oft.
Virwetztuuten hunn mer an den 80er Joren als Kanner als Kado kritt. Do stung dann meeschtens “Überraschtungstüte” drop, oder “Pochette Surprise”. Gouf et an all Buttek ze kaafen.
Wann se et géifen richteg schreiwen, géifs de et och am LOD fannen: https://lod.lu/artikel/VIRWELZTUT1